
D’CSV… mat mir

v.l.n.r. Frank Engel, Marianne Pesch-Dondelinger, Georges Bach, Viviane Reding, Christophe Hansen,
Les prochaines élections européennes ont lieu le 25 mai 2014. Tous les citoyens européens résidant au Luxembourg peuvent participer aux élections au Luxembourg sous condition de s’inscrire sur la liste électorale avant le 28 février 2014.
Les Luxembourgeois sont automatiquement inscrits sur les listes.
Vous pouvez trouver des informations supplémentaires sur le site internet jepeuxvoter.lu .
D’CSV Rëmeleng invitéiert Iech den 12. Januar ëm 11.00 Auer an de Centre Culturel op hire Neijoerspatt.
CSV Rëmeleng invitéiert op hier Kulinaresch Rees.
E Sonnden, den 13. Oktober 2013 vun 11.30 Auer aus un.
D’Adress vun de Rees ass 57, rue Batty Weber zu Rëmeleng am Veräinshaus,
Beim Aperitif : ginn et Mini Tranche Rieslingspaschtéit an Mini Quiche mat Speck
Als Plat hunn mer:
Entrée :
Trio : Bouneschlupp / Feierstengszalot / Fierkelsjelli
Plat :
Judd mat Gaardebounen
oder
Paschtéit, Fritten an Zalot
Präis: 20€
Umellen kennt dir Iech beim:
Monique Schelinsky 621 168 934
Milly Staus-Jeanty 56 67 32
André Theisen 621 260 175
oder iwwert E-mail: rumelange@csv.lu
Hutt Dir iwwer 75 Joer? Wunnt Dir am Ausland? Oder sidd Dir den 20. Oktober aus berufflechen oder perséinleche Grënn verhënnert fir wielen ze goen? Da mellt Iech elo fir d’Bréifwahl.
Wéini kann ech d’Bréifwahl ufroen?
Vum 12. August bis den 20. September
Wou kann ech meng Ufro maachen?
Per Bréif un de Buergermeeschter- a Schäfferot vun där Gemeng geschéckt ginn, wou Dir fir d’Wahlen ageschriwwe sidd.
Fir Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, ass et déi Gemeng, wou se hei am Land fir d’lescht hire Wunnsëtz haten. Wann dëst net méiglech ass, kënnen se hir Ufro un déi Lëtzebuerger Gemeng schécken, wou se gebuer gi sinn. Wann och dëst net méiglech ass, kënnen se hir Ufro un d’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg riichten.
Wéi muss ech meng Ufro maachen?
Mussen drastoen:
Och musst Dir am Bréif “an Eides statt” erklären, datt Dir Äert Wahlrecht nom Artikel 52 vun der Constitutioun respektiv nom Artikel 6 vum Wahlgesetz net verluer hutt.
Am Fall, wou Dir d’Bréifwahl ufrot, wëll Dir um Wahldag aus berufflechen oder perséinleche Grënn net kënnt an de Wahlbüro goen, sollt Dir, wa méiglech, eng Preuve matschécken, déi weist, datt dir deen Dag effektiv verhënnert sidd (een Attest vum Dokter, een Attest vun Ärem Patron oder vun Ärer Schoul / Universitéit, …). Schéckt Dir näischt mat, musst Dir Är Begrënnung méi am Detail uginn.
Am Fall, wou Dir am Ausland wunnt, ass et noutwenneg, datt Dir eng Kopie vun Ärem Pass zesumme mam Bréif aschéckt. De Pass muss nach gülteg sinn. Et brauch awer keng “copie certifiée conforme” ze sinn, mä eng einfach Kopie vum Pass geet duer.
Wéini kréien ech eng Äntwert?
Gemeng schéckt Iech Är Wahlziedele spéitstens fir de 30. September. Sollt Är Ufro ofgeleent ginn, gitt Dir spéitstens de 25. September doriwwer informéiert.
www.csv.lu